Informatioune fir eis Benotzer
Am medezinesche Beräich vum LOD weise mir, wéi am Lëtzebuergeschen „gesot gëtt“, wann et ëm Bobboen, Krankheeten, Behandlungen a Fleeg geet.
Dëse Beräich geet eis all eppes un. Dofir riicht en sech grad esou un d'Patiente wéi un all d'Acteuren aus dem Gesondheetssecteur an erlaabt béide Säiten, d'Sprooche vum LOD ze notzen, fir sech besser verständlech ze maachen.
Gewise gi medezinesch Inhalter, déi vu Fachterminologie bis zur banaler Alldagssprooch reechen.
De kompletten Dictionnaire fannt Dir weiderhin op www.lod.lu.
Eis Lëscht ass natierlech net komplett. Se gëtt stänneg ergänzt.
Zéckt dofir net, eis iwwer med@lod.lu all medezinesche Begrëff ze schécken, deen an eiser Lëscht feelt.
Gären och mat engem Beispillssaz, esou wéi Dir de Begrëff benotzt an der Iwwersetzung an déi eng oder aner vun de Sprooche vum LOD.
Merci fir Ären Interessi an Är Mataarbecht!